Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg: 1845-1940

An deene bal 200 Joer, an deenen sech zu Lëtzebuerg Gedanken iwwert dLëtzebuergescht gemaach gëtt, huet sech de Bléck op dSprooch méi ewéi eng Kéier verännert. Si ass haut am Kader vun der Méisproochegkeet an enger Situatioun, an där nach virun net allze laanger Zäit kaum een se gesinn hätt. Datt se...

Ausführliche Beschreibung

Gespeichert in:
Bibliographische Detailangaben
1. Verfasser: Kremer, Claude (VerfasserIn)
Format: Buch
Sprache:Luxembourgish
Veröffentlicht: Mersch Centre national de littérature 2018
Schlagworte:
Online-Zugang:Inhaltsverzeichnis
Zusammenfassung:An deene bal 200 Joer, an deenen sech zu Lëtzebuerg Gedanken iwwert dLëtzebuergescht gemaach gëtt, huet sech de Bléck op dSprooch méi ewéi eng Kéier verännert. Si ass haut am Kader vun der Méisproochegkeet an enger Situatioun, an där nach virun net allze laanger Zäit kaum een se gesinn hätt. Datt se sech iwwerhaapt vun engem geschwatenen Dialekt zu enger geschriwwener Sprooch entwéckelt huet, ass och de Verdéngscht vun deenen, déi sech iwwert dJoerzéngter hir Erfuerschung agesat hunn. DLëtzebuergescht huet laang Zäit implizit zu der Gesellschaft gehéiert, an dëst Selbstverstëndnis ass eréischt mat gesellschaftleche Verännerungen a Fro gestallt ginn. DSproochgesellschaften hunn dëse Verännerungen zum Deel virgegraff a si hunn sech explizit mat der Roll vun der Sprooch ausernaner gesat, éier dGesellschaft als Ganzt sech däers bewosst gouf. Och wann dPromotioun vum Lëtzebuergeschen e Projet vun enger Elite war, huet all Versuch, Afloss op dSprooch ze huelen, ëmmer missen am Austausch mat deenen anere Spriecher geschéien. Grad an Zäiten, an deenen e gréissert Bewosstsinn fir dSprooch entsteet, ass et wichteg, sech mat hirer Geschicht ausernaner ze setzen an sech dFro ze stellen, wou déi Iwwerzeegungen hierkommen, déi haut selbstverständlech erschéngen. Dëst Buch soll en Ausgangspunkt sinn, fir déi éischten 100 Joer vun der organiséierter Beschäftegung mat der Lëtzebuerger Sprooch besser ze verstoen. Dofir gi fënnef Gesellschaften a Veräiner, déi sech tëschent 1845 an 1940 zu Lëtzebuerg all op hir eege Manéier mat der Sprooch beschäftegt hunn, ënnert dLupp geholl an an den historesche Kontext vun hirer Zäit gesat. DGeschicht vum Institut Grand-ducal, vun Ons Heémecht, vun der Letzeburger Nationalunion, vun der Société linguistique a vun dHémechtssprôch gëtt dobäi och mat Hëllef vun Archivmaterial verzielt, dat zum Deel nach ni virdru verëffentlecht gouf.
Beschreibung:205 Seiten Illustrationen
ISBN:9782919903733

Es ist kein Print-Exemplar vorhanden.

Fernleihe Bestellen Achtung: Nicht im THWS-Bestand! Inhaltsverzeichnis